
De Fritz Wepper hat an de leschte Joren ëmmer nees mat gesondheetleche Réckschléi ze kämpfen. Vun enger Bluttvergëftung am Joer 2011 hat e sech ni wierklech erholl. 2021 gouf dann och Kriibs bei him diagnostizéiert.
Bekannt gouf de Schauspiller duerch seng Interpretatioun vum Assistent Harry Klein an der Serie Derrick, dee vum Horst Tappert interpretéiert gouf.
Spéider huet en nach de Buergermeeschter Wolfgang Wöller an der ARD-Serie “Um Himmels Willen” gespillt (2002 - 2021).
Alles an allem krut de Fritz Wepper sechsmol d’renomméiert Bambi-Auszeechnung, grad wéi 2003 och den Däitsche Filmpräis.
1941 koum de Wepper zu München op d’Welt, virun 3 Joer gouf annoncéiert, datt den Acteur Hautkriibs hätt. 1955 stoung den Acteur eng éischte Kéier virun der Kamera, 2020 eng leschte Kéier.
Dee méi jonke Brudder vum Wepper, Elmar, deen och Acteur war, ass sengersäits am Oktober zejoert verscheet.
De Fritz Wepper hannerléisst zwee Meedercher aus 2 Bestietnesser.