
Elo ass hien am Alter vu 87 Joer gestuerwen. Dat mellt “d’Mitteldeutsche Zeitung” a berifft sech dobäi op de Betribsrot vun de “Bühnen Halle”, dem Zesummeschloss vun der Oper, dem Ballet, der Staatskapell an den Theatere vun der däitscher Stad Halle.
Nieft senger Roll am Tatort war de Sodann virun allem als Schauspiller a Regisseur fir den Theater aktiv. Fir déi däitsch Lénkspartei huet hien ausserdeem 2009 fir de Poste vum Bundespresident kandidéiert.