Wéinst der PandemieDe Siren's Call Festival gouf op de 25. Juni 2022 verluecht

RTL Lëtzebuerg
D'Ekipp huet matgedeelt, dass d'Ëmstänn vun der Corona-Kris et net géifen zouloossen, de Festival wéi geplangt dëst Joer ëmzesetzen.

Et huet een dohier schwéieren Häerzens missten decidéieren, d’Editioun 2021 vum Siren’s Call Festival op 2022 ze verréckelen, méi genee op de 25. Juni 2022.

Elo scho géif op d’nächst Joer higeschafft ginn, heescht et am Schreiwes.

Et wieren och eng Rei méi kleng Open-Air-Events a Geschäfter geplangt fir dëse Summer, méi Infoen heizou géifen nach kommen.

Back to Top
CIM LOGO