RIPDe Steve Braun ass dout

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Fotograf, och bekannt als Etienne Steve Braun, ass am Alter vun 68 Joer gestuerwen.
© Privat

Hien huet sech een Numm gemaach mat avantgardistesche Aarbechten, mee och als Setfotograf op grousse Produktioune, wéi zum Beispill mam Patrick Swayze, dem Al Pacino oder dem Gérard Depardieu.

De Steve Braun war och bekannt fir seng Aarbecht als Fetisch-Fotograf.

Hie war en RTL-Déckkapp vun der éischter Stonn.

D’RTL-Redaktioun dréckt der Famill a Frënn d’Bäileed aus.

De 14. November 2020 war hien Invité am RTL Afterwork

Back to Top
CIM LOGO