Virun 23 Joer gouf hei zu Lëtzebuerg fir d’éischt Kéier eng Fête de la musique organiséiert. Dëst Joer waren 24 Organisateure mat dobäi an hu queesch uechter d’Land en ofwiesselungsräiche Programm ugebueden. Vu Pop a Rock iwwer Folk, Fanfare, Jazz, Hip an Electro gouf e bësse vun allem gebueden. Ma och d’Museksschoule waren, wéi ëmmer, mat vun der Partie.
Vill Organisateuren hunn och hir Traditioune weidergefouert, ewéi zum Beispill d’Ugda, déi an 9 Gemenge eng 10 Concerte gespillt hunn. Allgemeng hätt een e puer éischter ontypesch Joer hannert sech, mat der Pandemie an dann der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022. D’Erausfuerderung vun dësem Joer wier elo éischter eng finanziell Affär gewiescht. Fir d’nächst Joer géif een da plangen, sech op d’Sich no weidere Sponsoren ze maachen oder eventuell de Format un déi aktuell Situatioun unzepassen.
Dann hu sech awer och dräi nei Gemengen de Festivitéiten ugeschloss: Buerschent, déi am Schlass eng reng Jazz-Programmatioun ugebueden hunn, Nidderkäerjeng, déi gläich dräi Deeg um Stéck gefeiert hunn, a Réimech, déi op véier Plaze Concerten organiséiert hunn.