
45 Mataarbechter wiere vun der Fermeture concernéiert, dës géingen awer vun anere Filialen iwwerholl ginn. Den OGBL-Zentralsekretär fir den Handelssecteur José-Luis Goncalves confirméiert dës Informatiounen och op RTL-Nofro hin. D'Prozedur, fir ze kucken, wéi eng Mataarbechter a wéi eng Filial kënnen integréiert ginn, wier awer nach amgaangen.
Nieft dem Geschäft am Shoppingzenter um Kierchbierg ass Zara zu Lëtzebuerg och an der Cloche d'Or an an der Belle Étoile vertrueden.
Fir d'lescht hat eng Filial vun der spuenescher Fast-Fashion-Chaîne zu Lëtzebuerg am Summer 2021 hir Dieren zougemaach, deemools an der Stater Groussgaass.