Am Alter vu 77 JoerDéi belsch-italienesch Actrice Catherine Spaak ass gestuerwen
Si huet an hirer Carrière an engen 80 Longmetragë matgespillt an als Animatrice a Presentatrice op der italienescher Tëlee geschafft.
Bis 2002 huet se eng Talk Show moderéiert an där se Frae wéi d’Catherine Deneuve, d’Monica Bellucci, d’Isabel Allende an d’Ornella Muti zu hiren Invitéeë gezielt huet.