Galerie op der KapDem "Datzlife" seng leschten Expo

RTL Lëtzebuerg
De Kënschtler Daniel Mamer ass d'lescht Joer am Alter vu nëmmen 43 Joer verstuerwen.

Säi Kënschtlernumm war “Datzlife” a säi Markenzeechen en Af, deen hien ëmmer erëm gemoolt huet. Den Daniel Mamer war Kënschtler a Graphikdesigner an huet ënner anerem fir national an och emol international Museker den Albumcover designed. An der Galerie Op der Kap zu Capellen ginn elo dëse Weekend seng Wierker eng leschte Kéier ausgestallt. Hei kënnt nach eng Kéier alles zesummen, wat de Kënschtler ausgemaach huet a woufir hie stoung. D’Musek wéi och d’Konscht, déi eng essentiel Roll a sengem Liewe gespillt hunn, ginn hei, am Sënn vum Daniel Mamer, geéiert.

© Datzlife

Den Daniel Mamer alias “Datzlife” wollt mat senger Konscht och op Ongerechtegkeeten a Mëssstänn opmierksam maachen. Mat engem kritesche Bléck op d’Gesellschaft an dat, wat eis ëmgëtt, huet hie seng Gedanken an Analysen a senge Wierker ausgedréckt. Den Af steet als Metapher fir déi mënschlech Begrenztheet. Eng vu sengen Aktivitéite war et och owes an der Stad op de verschiddenste Plaze seng Toillen opzehänken, mat der Iddi: Konscht fir jiddereen. A sengem Ëmfeld war hie wéi de Banksy, seng Konscht war direkt erëm ze erkennen, mee net onbedéngt d’Gesiicht dozou.

D’Ausstellung an der Galerie op der Kap ass no sengem Pseudonym “Datzlife” benannt.

De 29. Mäerz vun 17:00 - 00:00 Auer ass de Vernissage mat Concert. 2 Dje scratchen deen Owend, well den Daniel Mamer war selwer e grousse Fan vu Vinyllen an huet och doheem stonnelaang um Plackespiller gescratched.

D’Ausstellung ass dann de ganze Weekend op an dat vun 10 bis 20 Auer.

Back to Top
CIM LOGO