
De Queen-Sänger hat senger laangjäreger Liewenspartnerin Mary Austin d’Haus verierft. Si war och no hirer Trennung ëmmer u senger Säit bliwwen, huet antëscht awer och schonn 72 Joer a wëll d’Haus lo verkafen. Fir iwwer 30 Millioune Pond, ëmgerechent 35 Milliounen Euro, soll d’Proprietéit de Besëtzer wiesselen.
D’Garden Lodge war 1907 am neo-georgianesche Stil vum Architekt Ernest Marshall fir d’Kënschtlerkoppel Cecil Rea a Constance Halford entworf ginn. De Freddie Mercury hat et 1980 fir 500.000 Pond kaf.