
An den US-Medien huet et séier geheescht, dass eng Mordkommissioun vun der Police no der Entdeckung vun de Läichen eng Enquête lancéiert hätt. Séier koum och de Verdacht op, dass der Koppel hire Bouf, den Nick Reiner verdächtegt géif, seng Elteren erstach ze hunn.
Dëse Verdacht huet sech elo verstäerkt, sou dass de Parquet vu Los Angeles en Dënschdeg decidéiert huet, den Nick Reiner wéinst Mord an zwee Fäll unzekloen.