RIPDen Acteur Michael Degen ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Ob Traumschiff, Rosamunde Pilcher oder Tatort: den däitsch-israelesche Schauspiller huet a sëllege bekannte Fernseeserien a Filmer matgespillt.

De gebiertege Chemnitzer stoung wärend Joerzéngte virun der Kamera an ass an enger Abberzuel däitschen an éisträichesche Fernseeproduktiounen opgetrueden. Villen dierft säi Gesiicht duerch seng Rollen an de Krimi-Serien “Derrick” oder “Der Alte” an Erënnerung bliwwe sinn. Ma och u Rosamunde-Pilcher-Verfilmungen huet hie matgewierkt.

1946 huet seng Schauspillerausbildung am “Deutschen Theater” ugefaangen. Dräi Joer méi spéit ass hien op Wonsch vu senger Mamm an Israel emigréiert, wou hie bei der israelescher Arméi wärend dem Onofhängegkeetskrich gedéngt huet. Hien hat sech allerdéngs geweigert, eng Waff bei sech ze droen. Zwee Joer no sengem Openthalt huet et hien nees zeréck an Däitschland op d’Theaterbüne gezunn. Hien huet wärend senger Karriär am Ensembel vum Bertolt Brecht gespillt an och mat Regisseure wéi dem Ingmar Bergman oder dem Peter Zadek zesummegeschafft. Op der Tëlee huet sech de Michael Degen mat senger Roll an der Serie “Die Buddenbrooks” en Numm gemaach gehat.

Wéi de Rowohlt-Verlag zu Berlin en Dënschdeg matgedeelt huet, ass de Michael Degen e Samschdeg am Alter vun 90 Joer zu Hamburg gestuerwen. Hien hannerléisst jeeweils zwee Kanner aus zwee verschiddene Bestietnesser an eng Fra.

Back to Top
CIM LOGO