Podpurri - Mir schwätze KulturDen Alexis Juncosa vum LuxFilmFest

RTL Lëtzebuerg
PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mat dem artisteschen Direkter Alexis Juncosa iwwer déi 13. Editioun vum LuxFilmFest.

2011 war déi éischt Editioun vum LuxFilmFest. Zënter dëser éischter Editioun gëtt de Festival geleet vum Alexis Juncosa, dee vu klengem un e fervente Cinéphile ass.

Zënter der éischter Editioun 2011 ass hien den artisteschen Direkter vum Luxfilmfest.

Ënner iwwer 900 Filmer huet hie mat sengen Ekippen a Comité de sélection decidéiert, wéi eng Filmer gewise gi bei der 13. Editioun vum LuxFilmFest: Competitiounen - Fiktioun, Dokumentär, Kannerfilmer - eng Rei grouss Nimm Hors-Concours, awer vrun allem och eng ëmmer méi wichteg Plaz fir d’Lëtzebuerger Filmproduktioun.

Am Konferenzsall vum Festival beim Kapuzinertheater, huet den Alexis Juncosa dem Christiane Kremer vill erzielt iwwer déi lescht schwéier Editiounen an Erausfuerderungen, iwwer d’Philosophie vum Festival, der Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Filmproduktioun, dem Asaz vu Benevollen, awer och wat fir e Film e besonnesch markéiert huet an, wat e mécht fir emol vum Ecran fortzekommen.

De Programm vum LuxFilmFestPodpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO