DeauvilleDen amerikanesche Filmfestival fänkt dëse Freideg un

RTL Lëtzebuerg
Erwaart gi Stare wéi den Johnny Depp, d'Schauspillerin Dylan Penn an de Regisseur Oliver Stone.
© AFP/Archives/LOIC VENANCE

Déi 47. Editioun vum amerikanesche Filmfestival zu Deauville fänkt e Freideg den Owend mat enger Virféierung vum Film “Stillwater” un, deen och schonn zu Cannes gewise gouf. Den Johnny Depp soll e Sonndeg awer ganz kloer d’Haaptroll spillen.

© AFP/Archives/Michal Cizek

Nodeems déi 46. Editioun duerch de Corona-Virus méi kleng ausgefall war, soll déi 47. Ausgab, mat Masken an Sanitärpäss, besser Resultater bréngen. Am Ganze ginn 53 Filmer an deenen dräi Festhalen zu Deauville gewisen. D’Kaarte fir e Freideg an e Samschdeg si fir déi dräi Festhalen ausverkaaft.

De rouden Teppech gëtt dann e Freideg den Owend fir déi offiziell Ouverture mat der Virféierung vum Tom McCarthy sengem Film “Stillwater” ausgeluecht. Hei spillt de Matt Damon ee rouegen, zréckhalende Mann, dee seng Famill laang vernoléissegt huet an decidéiert vun Oklahoma op Marseille ze reesen, fir seng Duechter ze besichen, dat wéinst Mord am Prisong setzt.

E Samschdeg sinn d’Aen dann op déi zwee Filmer “Blue Bayou” an “Pleasure” geriicht. De Film “Pleasure” taucht an d’Welt vun der Pornografie zu Los Angeles an a weist eng 20 Joer al Schweedin, déi versicht, an dësem Beräich Karriär ze maachen. Am Film “Blue Bayou” vum amerikanesche Regisseur Justin Chon, ass den Antonio LeBlanc, deen a Korea gebuer ass, mä zu Louisiana opgewuess ass, vun der Expulsioun bedrot.

Den Johnny Depp presentéiert e Sonndeg de Film “City of Lies”. Hei spillt de Schauspiller ee Polizist, deen zwangspensionéiert ass. De Film, an deem och de Forest Whitaker matspillt, ass direkt op DVD op de Marché komm.

© AFP/Archives/Valery HACHE

Fir dat zweet Joer scho ginn op dësem Festival nach net verëffentlecht franséisch Filmer gewisen.

D’Organisateuren hoffen op eng däitlech Hausse vun de Visiteurszuelen am Verglach zu den 38.000 Spectateuren am Joer 2020. An de vergaangene Joren zitt de Festival ronn 60.000 Mënschen un.

© AFP/Archives/KENA BETANCUR

Back to Top
CIM LOGO