"French Connection" an "The Exorcist"Den amerikanesche Realisateur William Friedkin ass dout

RTL Lëtzebuerg
Hien ass am Alter vu 87 Joer zu Los Angeles gestuerwen, sou US-Medien, déi sech op seng Fra Sherry Lansing beruffen.

De Friedkin huet zënter den 1960 eng Dose Filmer a Serien gedréit. Am “New-Hollywood"-Zäitalter an de 70er Jore huet hie seng gréissten Erfolleger konnte feieren mam Action-Thriller “The French Connection” mam Gene Hackman an dem Horrorfilm “The Exorcist”.

Säin allerleschte Film “The Caine Mutiny Court-Martial” mam Kiefer Sutherland soll dëst Joer beim Festival zu Venedeg seng Première feieren.

Back to Top
CIM LOGO