Duerch d’Initiative vun der Associatioun “Lëtz Arles” ass et méiglech, datt Lëtzebuerger Artisten zënter 2017 um bekannten a beléifte Fotofestival “Les Rencontres d’Arles” ausstelle kënnen. Dëst Joer weist de Kënschtler Daniel Wagener hei säi Projet “Opus Incertum” an der Chapelle de la Charité. Et ass eng Première, datt just ee Kënschtler erausgesicht ginn ass fir de Lieu ze bespillen.
D’Rencontres d’Arles bidden net nëmmen eng Plattform fir Fotoausstellungen ze weisen, mä et ass och hei wou Direkteren, Galeristen, Fotografen, Journalisten an aner Professioneller aus dem Milieu zesumme kommen, fir - wéi de Numm et scho seet - nei Renconteren ze maachen. Deemno kann de Festival e Sprangbriet an der Karriär vun engem Artist sinn, genau sou wéi et nei Diere kann opmaachen a nei Méiglechkeete kënnen entstoen. De Festival ass awer net just fir déi Professionell, et ass hei, wou Touristen a Fotopassionéierter aus der ganzer Welt zesummekommen, fir zäitgenëssesch an historesch Fotoausstellungen z’entdecken.
D’Fotografie ass omnipresent an affichéiert sech souwuel an Ausstellungsraim, Kierchen, historesche Lieuen, wéi och an de Stroossen vun Arles.
Den Daniel Wagener proposéiert an der Chapelle de la Charité eng Aarbecht iwwert d’Aarbecht. De Fotograf huet en Don fir d’Handwierk an eng Passioun fir d’Matière. Eppes, dat sech an der monumentaler Installatioun an der Kapell erëmspigelt. Mat engem poeteschen an deels humoristesche Bléck weist hien alldeeglech Matièren am urbane Raum. Op senge Fotoen si keng Mënschen ze gesinn, ma alles wat een op de Fotoe gesäit, kënnt vum Mënsch. Tracen, déi een hannerléisst, Saachen, déi gebaut ginn, Kreatioune wéi och Manipulatiounen. Dobäi kënnt, datt seng Fotoe wéi gestapelt un enger 5 Meter héijer Konstruktioun hänken an och ënner anerem eng Referenz un Iwwerkonsommatioun maachen.
“Ech sinn eng glécklech Curatrice” dat sot Danielle Igniti, di zesumme mam Daniel Wagener d’Ausstellung konzipéiert huet. Am Ganze sti 45 Ausstellungen um Programm vun dëser Editioun vun de Rencontres d’Arles an d’Lëtzebuerger Presenz mécht sech um Festival zu Arles bemierkbar. D’Ausstellung “Opus Incertum” vum Daniel Wagener ass e grousse Succès. De Christoph Wiesner, Direkter vum Festival, huet dovu geschwat, datt et eng vun de beschten Ausstellungen um Festival ass.
D’Ausstellung “Opus Incertum” vum Daniel Wagener ass nach bis de 24. September an der Chapelle de la Charité zu Arles ze gesinn. Ma d’nächst Joer kënnt d’Ausstellung dann och op Lëtzebuerg a gëtt am CNA gewisen.