Dat neit Gebai vum Centre Hospitalier ass eng vun de modernste Baustellen, déi mer am Land hunn. De Chantier ass och net kleng: Eng 750 Meter Ofspärunge si gebaut ginn, fir de Site vun der Strooss ze trennen. D’Barrikade si wichteg awer an der Reegel alles anescht ewéi schéin. D’Ekipp vum CHL huet aus dësem B-Mol eng Chance gemaach: Si hu Graffitikënschtler invitéiert, déi d’Ofspärungen an e Konschtwierk verwandelt hunn.
Den Alain Welter oder “MOPE”, wéi en an der Zeen bekannt ass, weist op der Areler Strooss wat e kann. Hie schafft ganz modern, ouni Blat a Pabeier an zeechent seng Iddien direkt um Tablet. “Ech hunn eenzel Fotoe vu Pëlle geholl an ausgeschnidden an agefüügt. Esou konnt ech d’Gréissten esou veränneren wéi ech se wëll hunn”, erkläert en. Fir säi Projet da vum klengen Ecran op d’Mauer ze kréien huet de Kënschtler 2 Deeg geschafft.

Dem Nadine Kohner vum CHL war direkt kloer, dass d’Ofspärunge vum risege Chantier net einfach eidel bleiwe kënnen. DPlaz muss fir Konscht genotzt ginn. Direkt hu beim Silvano vun der Design Agence “Vidale-Gloesener” d’Zännrieder am Kapp gedréit. “Fir eis war et e bëssen en atypesche Projet, well mer als Grafiksbüro fir den CHL éischter Rapports Annuels maachen. Wéi d’Iddi bis do war, huet et dann awer direkt Klick gemaach”, sou de Grafiker.
Am Ganze sinn 20 Kënschtler aus 8 verschiddene Länner invitéiert ginn, fir beim Projet matzemaachen. E groussen Deel vun den Artisten sinn aus Lëtzebuerg, mä et sinn esouguer Kënschtler aus Italien oder Groussbritannien ugereest. Den CHL huet eng Faarfpalette virginn awer soss ware keng Limitte gesat an d’Kënschtler konnte sech fräi ausdrécken.
Eent vun de Felder ass fir e ganz besonnesche Projet reservéiert ginn. “Een Artist huet e Workshop organiséiert mat Fräiwëllege vum Centre Educatif Liewenshaff. Dat ass deen eenzegen Part vum Projet an deem och de Logo vum CHL dran ass an deen e bësse manner ‘freestyle’ war,mee aus guddem Grond”, seet d’Nadine Kohner.
D’Expositioun soll nach bis zum Enn vum Chantier goen. D’Initiativ vum CHL beweist, dass ee mat e bësse Fantasie och eng Baustell optesch opwäerte kann an dass d’A och eppes dovunner huet, wann den ëffentleche Raum, an deem mer eis all Dag beweegen, e bësse méi faarweg gëtt. Bleift ze hoffen dass dëse Projet e Präzedenzfall duerstellt, a weider Chantieren am Land méi faarweg ginn.
