Am Alter vun 81 JoerDen däitsche "Kult"-Schauspiller Udo Kier ass dout

RTL Lëtzebuerg
De bekannten däitsche Schauspiller, deen och zu Hollywood als eng Legend gëllt, ass am Alter vun 81 Joer zu Palm Springs a Kalifornien an den USA gestuerwen.
Doud vum Udo Kier
De bekannten däitsche Schauspiller, deen och zu Hollywood als eng Legend gëllt, ass am Alter vun 81 Joer zu Palm Springs a Kalifornien an den USA gestuerwen.

Dat mellt souguer d’US-Zeitung “Variety”, déi sech op säi Partner a Kënschtler Delbert McBride beruffen, wéi och de brittesche “Guardian”. D’Doudesursaach ass bis ewell net bekannt.

Den Udo Kier kënnt u sech vu Köln a war ee vun den erfollegräichsten däitsche Schauspiller zu Hollywood. Hien huet Niewerollen a grousse bekannten Hollywood-Produktioune wéi Armageddon, Ace Ventura, Blade oder My Own Private Idaho matgespillt, war awer virun allem bei Kenner an Amateure vum Independent- an Arthouse-Kino beléift a bekannt.

© Photo by ARCHIVES DU 7EME ART / PHOTO12 VIA AFP

Virun allem fir Regie-Gréisste wéi de Lars von Trier, Gus Van Sant, Christophe Schlingensief oder och de Quentin Tarantino stoung hie reegelméisseg mat Deels grousse Rolle virun der Kamera.

Den Udo Kier war dann och zowu Lëtzebuerger Produktioune mat dobäi, nieft dem Andy Bausch sengem “Three Shake-a-leg- steps to heaven” aus dem Joer 1993, wou hien an der Roll vum “Müllendorf”, zesumme mam Désirée Nosbusch d’Haaptroll niewent dem Thierry van Werveke gespillt huet, och am Christian Neuman sengem Film “Skin Walker” vun 2020, wou hien an der Roll vum “Claus” nieft dem Amber Anderson an dem Jefferson Hall opgetrueden ass.

Back to Top
CIM LOGO