
Hie war e Grënnungsmember vun der Soul-Funk-Band “Kool & The Gang” a war bekannt fir säi relaxt Optrieden a säin extravagante Style wat Hitt a säin Outfit am allgemengen ugeet.
Säi leschten Optrëtt mat der Band hat hien de 4. Juli zu Los Angeles.
Gegrënnt gouf d’Band am Joer 1964, deemools nach ënnert dem Numm Jazziacs, dëst vun de Bridder Robert a Ronald Bell, grad ewéi vum Dennis Thomas. Zu hire bekanntste Lidder zielen “Celebration”, “Jungle Boogie”, “Get down on it” oder nach “Ladies Night”.