
2004 ass de Popstar mat senger Single “You’re beautiful” weltwäit bekannt ginn, an och bal 20 Joer méi spéit stiermt den James Blunt ëmmer nach reegelméisseg d’Charts.
Nodeems hien d’lescht Joer am Mee fir d’lescht zu Lëtzebuerg op Besuch war, steet elo fir Februar 2024 en neie Rendez-vous an der Rockhal. Nieft dem brittesche Sänger senge groussen Hits wäert hien och mat sengem neien Album “Who We Used To Be” optrieden, deen de 27. Oktober op de Maart kënnt.
Tickete fir de Concert vum James Blunt an der Rockhal si vum 1. September ëm 10 Auer um Site vum Atelier un ze kréien. RTL.lu huet zwou Koppel Ticketen verspillt, an och um Radio kann ee säi Gléck woen.
Mir hunn iwwer RTL.lu op dëser Plaz exklusiv zwou Koppel Tickete verspillt. Een Dag laang konnt ee sech mellen a mir hunn zwee gléckleche Gewënner gezunn.
Géint 17 Auer en Donneschdeg den Owend krut d’Isabelle B. ugeruff. D’Freed war grouss, an si wosst och scho genee, wien si de 25. Februar mat an d’Rockhal wëll huelen.
Déi zweet Gewënnerin, d’Sandra S. war net direkt ze erreechen, huet awer zimmlech séier zeréck an d’Redaktioun zeréckgeruff. Och hei war Jubel um aneren Enn vum Telefon ze héieren - mat enger Koppel Concertsticketen fir den James Blunt start et sech ebe gutt an de Feierowend!
Gewannt mat RTL: Dir wëllt op e Concert? Mir ginn Iech d’Chance!