Dass den Tom Hillenbrand all neie Xavier-Kieffer-Krimi (an och déi meescht vu sengen anere Bicher) op Lëtzebuerg virstelle kënnt, ass schonn Traditioun. Och aus dem neie Buch “Verhängnisvoller Champagner” huet hien op verschiddene Plazen am Land gelies. Leider sinn déi Liesungen, déi am Interview ernimmt ginn, schonn eriwwer. Fir d’Xavier-Kieffer-Trëppeltier, déi den LCTO organiséiert, kann ee sech awer nach umellen! Ausserdeem däerf ee sech elo schonn op de Start vun der Tëleesserie “Droneland” freeën, dee fir den Hierscht 2026 virgesinn ass, a, wie weess, villäicht dauert et jo guer net méi sou laang bis de Xavier Kieffer och op der Tëlee ze gesinn ass...
Ugangs Dezember war den Tom Hillenbrand zu Lëtzebuerg an huet sech och Zäit geholl fir en Interview an der RTLCity