Harry Potter and the Cursed ChildDen offiziellen Trailer vum neien Harry Potter ass do!

RTL Lëtzebuerg
Am Mäerz 2020 ass et esou wäit: D'Theaterstéck vun "Harry Potter and the Cursed Child" gëtt an Däitschland am Theater opgeféiert.
© Screenshot Youtubevideo Offizieller Trailer für Harry Potter und das verwunschene Kind

Méi wéi 10 Joer ass et hier, datt de leschten Harry-Potter-Band erauskomm ass. Nächst Joer am Fréijoer kënne sech d’Potterheads op nei Aventuren aus dem Zauber-Universum freeën. Den neien Trailer weist bannent 90 Sekonnen, wat d’Spectateuren am Theater erwaarde wäert.

Domat net genuch... En Tweet vun der Schrëftstellerin J. K. Rowling huet fir Spekulatioune bei der Fan-Communautéit gesuergt. Eng Abberzuel u Fans geet dovun aus, datt et net beim Theaterstéck bleiwe wäert. Vill Leit gleewen, datt an noer Zukunft och e Kinofilm vun där Harry-Potter-Geschicht produzéiert gëtt.

Dëst Gerücht stëmmt allerdéngs net, sou d’J. K. Rowling an engem Tweet op Twitter:

Mä wie weess... vläicht ännert si hir Meenung jo an den nächste Joren, an deen, deem säin Numm net genannt dierf ginn, kënnt awer nees zeréck op de groussen Ecran...

Back to Top
CIM LOGO