
Wéinst senge Kompositioune gouf de jüddesche Museker och mat villen Auszeechnungen, dorënner e Grammy, engem Oscar an engem Golden Globe ausgezeechent. 2015 hat de Rolling Stone de Bacharach op d’Plaz 32 vun de 100 beschte Songwriter vun allen Zäite gesat.
Gebuer gouf de Burt Bacharach den 12. Mee 1928 zu Kansas City, dat als Jong vun engem Journalist an enger Museksléierin an huet spéider Musek studéiert a sech och an deem Beräich etabléiert. Am Ufank vu senger professioneller Karriär war hien als Pianist an Arrangeur op Tour, dat ënner anerem mat der Marlene Dietrich. An där Zäit huet hien och ugefaangen, Hits fir aner Kënschtlech ze schreiwen, wouropper hie sech spéider spezialiséiert huet. Ënner anerem huet hien Raindrops Keep Fallin’ on My Head fir de Film Butch Cassidy and the Sundance Kid geschriwwen, fir dat hien och den Oscar krut. Och verschidde weider Welthits koumen aus der Fieder vum US-Komponist. De Bacharach ass den 8. Februar 2023 am Alter vun 94 Joer zu Los Angeles gestuerwen ass.