
De Rapper Marcel Hall, bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Biz Markie, ass no laanger Krankheet verscheet. Dat huet säi Spriecher dem People-Magazin confirméiert. Hien huet déi lescht Joer ënner Diabetis Typ 2 gelidden. Et ass allerdéngs nach näischt Genaues iwwert d’Doudesursaach bekannt.
Säi gréissten Hit war “Just A Friend” aus dem Joer 1989. Donieft huet hie mat Kënschtler wéi de Beastie Boys oder 5 Sterne Deluxe zesummegeschafft an esouguer am Film “Men in Black II” matgespillt. Do war hien als Mataarbechter vun der Post vun der Säit vum Will Smith ze gesinn.