
Hien ass 54 Joer al ginn. Eng Doudesursaach gouf am Bericht net genannt. An de leschte Joren hat den Trugoy ëffentlech iwwer Häerzproblemer geschwat.

Den Trugoy a seng Schoulfrënn Posdnuos a Maseo haten De La Soul 1988 zu Amityville op Long Island am Bundesstaat New York gegrënnt. Den Trio hat groussen Afloss op déi alternativ Hip-Hop-Zeen, dat duerch villsäiteg Sampels, intelligent Wuertspiller an eng onbeschwéiert Liewensastellung, wouduerch se sech vun der üblecher Gangsta-Rap-Zeen differenzéiert hunn.
Ee vun hire gréissten Hits war sécherlech “Ring Ring Ring (Ha Ha Hey)”, deen am Abrëll 1991 verëffentlecht gouf an et an e sëllegen Charts bis an d’Top10 gepackt hat.