Am Mëttelpunkt vun dëser Residenz steet dem E.T.A Hoffmann säi berüümten “Der Sandmann”. D’Wierk war eent vun den 8 Geschichten, déi ufanks vum 19. Joerhonnert als Deel vun der Geschichtesammlung"Nachtstücke” erauskomm sinn.
Elo hunn den Duo Mader/Panpandreopoulos - bestoend aus dem Saxofonist a Wahl-Lëtzebuerger Andreas Mader, an dem Pianist Christos Papandreopoulos - an d’Kompanie “Fly Theatre” - un därer Spëtzt de visuelle Kënschtler Robin Beer steet - sech zesummegedoen, fir wärend enger 5 Deeg laanger Residenz “Der Sandmann” zu engem visuelle Concert ze verschaffen.
De 25. August ginn am Mierscher Kulturhaus dann um 18h30 d’Dieren op, fir dass de Public bei der leschter Prouf kann dobäi sinn. Seng richteg Uropféierung huet “Der Sandmann” dann awer den 8. September zu Utrecht op der Gaudeamus Muziekweek. De 15. Mäerz kënnt d’international Equipe dann erëm an de Grand-Duché, fir och hei zu Lëtzebuerg hir Première ze feieren. Méi Informatiounen dozou fënnt een op hirem Site kulturhaus.lu