Festival zu AvignonDëst Joer si 6 Produktioune mat Lëtzebuerger Participatioun dobäi

Patricia Baum
Den Theater- an Danzfestival vun Avignon gehéiert zu de gréisste Festivallen an deem Genre op der Welt.
Festival zu Avignon
Den Theater an Danzfestival vun Avignon gehéiert zu de gréisste Festivallen an deem Genre op der Welt.

Zënter 1947 ginn hei all Joer Kreatioune vum Spectacle Vivant gewisen an eleng d’lescht Joer hat de Festival iwwer 130 Dausend Visiteuren. An esou verwandelt sech di historesch Stad an der Provence an eng grouss Theaterbün. Och dëst Joer sinn erëm Lëtzebuerger um Festival dobäi.

Wärend dem Festival zu Avignon sinn d’Stroosse gefëllt vun Artisten, di hir Spektakele promouvéieren. Op all Eck fënnt een en Theater an Avant-Goûte vun de Kreatiounen. Elleng an der Programmatioun vum OFF ginn nämlech dëst Joer bal 1.500 Spektakele gewisen. D’Konkurrenz ass grouss an awer bitt de Festival vun Avignon eng Plattform an eng Visibilitéit fir d’Artisten an hir Kreatiounen.

Tom Leick – Direkter Stater Theateren:

«Wat een natierlech méi Ophänkerten huet a wat ee méi ka soen, dee spillt nach do an dat Stéck leeft nach do, dann ergëtt dat och wierklech Sënn. An dofir ass et och schéin, datt elo hei zu Avignon all di Efforte gemaach ginn, sief et vun de Stater Theateren, Kultur LX oder dem Kulturministère. Fir datt mir zesummen di Plattform sou vill wéi méiglech notzen.»

Dëst Joer si 6 Produktioune mat Lëtzebuerger Participatioun dobäi. Niewent den 2 Co-Produktioune vun de Stater Theatere stinn och zwou vum TNL um Programm. Eng ganz nei Kreatioun an awer och mat «Les Misérables» e Stéck dat schonn zu Lëtzebuerg gespillt ginn ass.

Frank Hoffmann – Regisseur an Direkter vum TNL:

«Et erwaart ee sech schonn e Publikum, eng Ëffentlechkeet an eng Press, di dohinner kënnt. Et ass fir eng Lëtzebuergesch Co-Produktioun och eng Méiglechkeet dann e Publikum aus ganz Frankräich oder souguer aus der ganzer Welt ze kréien an ze erliewen. An dat ass schonn eppes Aussergewéinleches.»

De Festival vun Avignon weist de ganze Spektrum, vu wat et heescht haut Theater oder Danz ze maachen. Op eng ganz konzentréiert Manéier kritt een esou e gudden Iwwerbléck iwwer d’Sujeten, di eis Gesellschaft beschäftegen. An och dat bréngt eng gewësse Responsabilitéit par Rapport zu der Theaterzeen mat sech.

Tom Leick – Direkter Stater Theateren:

«D’Welt gëtt net manner komplizéiert, éischter méi komplizéiert. An hei ginn eben dann och vill Konferenzen a Gespréicher ronderëm organiséiert, wou dat natierlech och en Haaptthema ass. Wat brauch di nei Generatioun vun Artisten? Wéi stelle mir eis op als Institutioun vis à vis vum Klimawandel a vun de Fuerderunge vun de Kënschtler? Fir méi gerecht ze sinn a se méi anzebannen, alles dat kritt hei och eng Plattform.»

An der Caserne des pompiers spillt dann och d’Schauspillerin a Regisseurin Laure Roldàn am Stéck «Petit frère – la grande histoire Aznavour».

An och d’Choreographin Elisabeth Schilling ass zu Avignon present mat hirer Kreatioun «Hear Eyes move. Dances with Ligeti”. De Festival vun Avignon leeft nach bis de 25. Juli an esou ginn och di Lëtzebuerger Produktiounen nach oft gespillt.

Back to Top
CIM LOGO