Ënnert dem Titel "I’m too young to die", deen eng Referenz op d’Computerspill Doom aus dem Joer 1993 ass, weist de Gilles Pegel eeler an nei Aarbechten, Skulpturen, Installatiounen a Prints, déi sech am Kär mat modernen Technologie an neie Medien beschäftegen.
Hannert sengen oft abstrakten Aarbechten stécht meeschtens eng déif Ausernanersetzung mat Thematiken, déi de Kënschtler ganz perséinlech un eiser Zäit haut interesséieren oder beschäftegen. Esou zum Beispill och bei deem heite Wierk.
Eng Aarbecht aus der neier Ausstellung ass eng Serie aus Skulpturen a Form vu klenge wäisse Këschten, an deenen de Kënschtler perséinlech Objeten aus sengem Liewe verpaakt huet:
"Et ass e klenge Clin d'oeil un déi Loot-Boxen, déi een a Computerspiller hautdesdaags kritt an e bëssen och dee verstoppte Gambling-Wan, deen an esou enger grousser Envergure consomméiert gëtt, och vun der Jugend. D'Këscht ass e bëssen dat nämmlecht. Et ass ëmmer déi Hoffnung, déi ee sech keeft, eppes Wäertvolles ze kréien."
Bis de 17. Oktober kann een dem Giles Pegel seng Ausstellung "I’m too young to die" an d’Nosbaum Reding Galerie kucke goen.