Am MudamD'Expo "Kaihō - Japanese Women Artists after 1945"

Sandy Elsen
D'Ausstellung ass dem Wierk vun 39 Kënschtlerinnen aus Japan gewidmet, déi vum Enn vum Zweete Weltkrich bis zum Enn vum Joerhonnert zum globale Konschtgeschéie bäigedroen hunn.
D'Ausstellung "Kaihō"
Déi éischt Retrospektiv an Europa, déi sech dem groussen Afloss vu japanesche Kënschtlerinnen op dat globaalt Konschtgeschéie widmet.

Méi wéi 120 Wierker vun 39 Kënschtlerinnen aus Japan ginn et um Rez-de-chaussée an um éischte Stack vum Mudam ze entdecken. Kënschtlerinnen, déi mat hiren deels radikalen artisteschen Ausdrocksformen d’Konschtwelt nohalteg gepräägt hunn.
Trotzdeem goufe vill vun hire Wierker bis elo just ganz seelen oder nach ni ausserhalb vu Japan ausgestallt.

"Ce sont des artistes qui ont été fondatrices pour l'art contemporain et l'art moderne global et qui ont souvent été invisibilisées ou marginalisées ou qui ont, par elles-mêmes, décidé de contourner tous les courants un peu mainstream, parce que c'était le seul moyen pour elles de se créer un espace en tant qu'artistes et en tant que femmes, au Japon et à l'étranger", sou d'Co-Curatrice Anaël Daoud vum Mudam.

Op déi verschiddenst Manéieren hunn dës Kënschtlerinne sech mat den déifgräifenden Ëmbréch vum Nokrichsjapan auserneegesat an iwwerdeems e wesentleche Bäitrag zu bedeitende Konschtstréimungen a Praktike geleescht. Vu Molerei iwwer Fotografie a Video bis hin zur Installatioun, sou zimmlech all Medium ass an der Ausstellung vertrueden.

Déi vertruede Kënschtlerinnen hu sech an hire Wierker mat Sujete wéi Geschlechterongläichheet, kultureller Identitéit an ökologeschem Wandel auserneegesat, awer och mat Krichstraumaen. D’Molerin Toshi Maruki zum Beispill hat sech an hirer Konscht intensiv mam mënschleche Leed ausernee gesat, dat duerch den Atombommenugrëff op Hiroshima verursaacht gouf. Wochelaang war si mat hirem Mann, dem Kënschtler Iri Maruki, op der Plaz, fir no Familljememberen ze sichen a bei der Rettung vu Verletzten ze hëllefen. D'Ausmooss un Doud an Zerstéierung hat d'Koppel an en Zoustand vun déiwem psychesche Schock versat, dee si laang doru gehënnert hat, ze begräifen, wat si zu Hiroshima gesinn haten. Zesummen hu si déi sougenannten “Hiroshima-Panels” kreéiert, 15 groussformateg, ausklappbar Tafelen, vun deenen eng elo am Mudam ze gesinn ass.

A fënnef Kapitele bréngt d’Expo "Kaihō", wat sou vill heescht wéi “Befreiung”, dem Visiteur déi perséinlech Liewensweeër, déi kreativ Widderstandskraaft an deen transnationalen Aktivismus vun deenen 39 Avant-Gardistinne méi no. Quasi an all Kapitel vertruede sinn d’Fluxus-Kënschtlerin Yoko Ono an déi am August verstuerwen Ikon Yayoi Kusama, déi virun allem fir hir Punktmusteren, Kürbissen an hir Onendlechkeetsraim weltberüümt ass.

"On a une oeuvre qui date des années 2000, qui est une des premières qu'elle a fait en tant que "Infinity Room", où elle va vraiment exploser le corps, l'oblitérer complètement et en faire un infini cosmique, un petit univers où elle reprend cette idée du point comme un petit tout, comme un ensemble, mais comme étant un univers à part entière aussi. On a vraiment des artistes qu'on a voulu "déstariser" un petit peu et vraiment inclure dans ces réseaux d'artistes qui se sont construits et dont on a un très bel exemple avec ces trente-neuf artistes qui ont voyagé, qui ont quitté le Japon, qui ont créé des ponts entre le Japon et en dehors et à l'intérieur."

Bis de 14. Februar 2027 ass déi grouss Ausstellung am Mudam ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO