MOB ART StudioD'Expo "The Poetry of Growth" vum Yanis Miltgen

Isabelle Gillen
Bis de 7. November kann een déi filigran Broderië vum Yanis Miltgen am MOB ART Studio an der Stad gesinn.
D'Expo "The Poetry of Growth" vum Yanis Miltgen
Bis de 7. November kann een déi filigran Broderië vum Yanis Miltgen am MOB ART Studio an der Stad gesinn.

De Yanis Miltgen ass ee vun de 27 Kënschtler, déi dëst Joer am Kader vun der Biennale zu Venedeg op der Fiat Lux ausgestallt hunn. Hien huet a Frankräich Moudedesign studéiert a kreéiert zanter e puer Joer skulpturell Broderien an organesche Formen:

"Toutes les oeuvres sont construites de la même manière. Vous avez des branches modulables, plus ou moins grandes. On met a chaque fois entre deux et quatres et on va tout simplement mettre des fleurs par dessus. L'iddée c'est née d'un look mode, que j'avais créé, que je suis venu décliner sous différentes thèmes. J'ai toujours gardé cette forme très organique, avec ce côté modulable des oeuvres, qui peuvent prendre la forme que vous voulez."

„The Poetry of Growth“, d‘Poesie vum Wuesstem, ass den Titel vum Yanis Miltgen senger neister Ausstellung an der Stad. Am Mëttelpunkt sti virun allem Blummen, ma awer och d’Natur am grousse ganzen.

De Prozess fir d’Wierker ze kreéieren dauert oft bis zu 10 Méint an et stécht vill Recherche dohannert. Dat gréisst Wierk aus der Ausstellung setzt sech konkret mat Lëtzebuerg auserneen a weist eng Rei Blummen, déi verschidde Grand-Duchesse representéieren.

"J'ai tout simplement regardé sur le site. Il y a un site avec la référence. Puis, j'ai regardé comment on peut obtenir telle couleur."

Zënter engem Joer ass de Yanis Miltgen Deel vun der Association De Main De Maîtres, déi d’Fiat Lux zu Venedeg organiséiert huet. Deementspriechend, war hien dëst Joer och an Italie mat dobäi.

"C'était vraiment une expérience incroyable, que ce soit au niveau de visibilité, presse, etc., mais aussi collectionneur. On se rend compte que vraiment, c'est le noyau central, en septembre, des métiers d'art."

Wien d’Wierker vum Yanis Miltgen zu Lëtzebuerg well gesinn, kann dat nach bis de 7. November am MOB-ART Studio maachen.

Back to Top
CIM LOGO