Esch2022D'Fakel geet weider un de Syndicat Pro-Sud an d'CCPHVA

RTL Lëtzebuerg
Obschonns d'europäesch Kulturhaaptstad schonn den 22. Dezember op en Enn gaangen ass, gëtt de Projet "Esch2022" weidergefouert.
© Esch2022

Den 23. Januar 2023 huet d’"Capitale européenne de la culture 2022 asbl” de Lëtzebuerger Pro-Sud-Gemengen an der franséischer “Communauté de Communes Pays Haut Val d’Alzette”, kuerz CCPHVA, d’Fakel zu Villerupt am Kulturzenter “L’Arche” iwwerreecht.

Och wann d’Regioun net méi den Titel “europäesch Kulturhaaptstad” dréit, wieren d’Wäerter, déi “Esch2022" ausgemaach hunn, weiderzeféieren. Esou zum Beispill d’Kollaboratioun tëschent deene verschiddene Partnergemengen, déi un dëser europäescher Kulturhaaptstad geschafft hunn, an d’Projeten, déi doraus entstane sinn.

An dësem Kader hunn de Patrick Risser, President vun der CCPHVA, an de Georges Mischo, Buergermeeschter vun der Gemeng Esch, op dës europäesch Kulturhaaptstad zeréckgekuckt.

Back to Top
CIM LOGO