Am Ratskeller vum Cercle CitéD'Foto-Expo "Small Stories" vum David Lynch

Patricia Baum
Hie gehéiert zu de bedeitendste Regisseure vun eiser Zäit: Den David Lynch. Bekannt ass hie fir Filmer wéi Twin Peaks, Eraserhead oder Mullholland Drive.
D'Foto-Expo "Small Stories" vum David Lynch
D’Ausstellung ass am Kader vum Luxembourg City Film Festival am Ratskeller vum Cercle Cité ze gesinn.

De Regisseur, Produzent an Dréibuchauteur ass e richtege Vollblutt-Kënschtler, hien notzt nämlech och vill aner Medien. Een dovunner gesäit een den Ament an der Ausstellung “Small Stories” am Cercle Cité an der Stad. Eng Expo, déi am Kader vum Luxfilmfest organiséiert ginn ass.

Bekannt ass den David Lynch fir seng ganz atmosphäresch Filmer. Hien huet en eenzegaartege Stil dee bis haut Cinephillen op der ganzer Welt begeeschtert. Niewent senge Filmer ass den David Lynch awer och Sculpteur, Moler a Fotograf. D’Ausstellung “Small Stories” weist seng fotografesch Wierker vun 2014.

Wéi d’Curatrice vun der Ausstellung Anastasia Chaguidouline erkläert, wier de Kënschtler iwwert de Film bei d’Fotografie komm.

“Fotografie ass beim David Lynch als Medium dobäi komm wéinst dem Film. An dunn huet hien eben och ugefaange mat Fotografie ze schaffen an dat wat mir elo hei am Ratskeller gesinn, dat si 54 schwaarz-wäiss Fotografien. D’Fotoe sinn encadréiert duerch spezifesch zeenografesch Interventiounen, déi un d’Coden déi den David Lynch a senge Filmer benotzt, erënneren.”

Dem David Lynch seng Serie ass opgedeelt a verschidde Sujeten, vun Interieuren an Exterieuren, bis hin zu Landschaften a Portraiten. Ma wéi sou dacks beim David Lynch sinn dat awer keng gewéinlech Portraiten.

“Wat un de Portraiten typesch David Lynch ass, dat ass, datt et lauter Portraiten ouni Gesichter sinn. An dëser Serie gesäit ee seng vill Influenzen, déi a senger Aarbecht virkommen. Dat ass engersäits de Surrealismus mat Portraiten, déi un de Magritte erënneren, mä et denkt een och un dat Absurd an un dat “Kafkaeskt.”

Och wann d’Fotoserie “Small Stories” eng Wanderausstellung ass, heescht dat net, datt se schonn dacks gewise gouf.

“Déi Serie ass eng vun deene Serien, déi éischter wéineg bis elo gewise gouf. Och a grousse Retrospektiven, déi et hei an Europa gouf war éischter wéineg vun dëser dobäi. Zu Lëtzebuerg hate mir nach keng institutionell Ausstellung vum David Lynch. Dat hei ass elo déi éischt an doriwwer si mir ganz frou, dankbar an houfreg.”

D’Ausstellung “Small Stories” ass vum Anastasia Chaguidouline an dem Alex Reding zesummegestallt ginn. All Donneschden owend um 18 Auer ginn dem David Lynch seng alleréischt Filmer op e roude Rideau an der Ausstellung projezéiert. An d’Ausstellung mat de 54 Fotografien kann een nach bis de 16. Abrëll an de Ratskeller vum Cercle Cité kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO