BD-Festival zu ConterD’Frënn vun der Bande-Dessinée haten de Weekend nees hiren traditionelle RDV

RTL Lëtzebuerg
Et war déi 29. Editioun vum Festival mat iwwer 50 Auteuren, dorënner och eng Rei grouss international Nimm.
BD-Festival zu Conter
Et war déi 29. Editioun vum Festival mat iwwer 50 Auteuren, dorënner och eng Rei grouss international Nimm.

D’Fest ronderëm déi “9. Konscht” zielt all Joers 8.000 Visiteuren an ass antëscht och iwwer d’Grenze wech bekannt.

Et gëtt gebliedert a gesicht, bei den iwwer 70 Händler, fir déi Bicher ze fannen déi doheem an der Sammlung nach feelen. Oder et léisst een eng Karikatur vu sech selwer maachen. Fir de Visiteur ass de BD-Festival eng flott Geleeënheet, fir d’Kënschtler hannert de Wierker perséinlech kennenzeléieren an hir neiste Projeten ze entdecken. Den Organisatiounscomité huet fir dës Editioun och selwer eng BD an Optrag ginn. De Bédéeric : ënnerwee op Konter” vum Andy Genen gouf presentéiert. “Dat kritt een de Weekend hei ze kafen an den Andy Genen mécht och Dedicacen”, erkläert de President vum Organisatiounscomité Jean-Claude Muller.

“Et geet drëms, wou d’Leit fréier op Konter gepilgert sinn, wa se Problemer mat den An haten, fir vun der helleger Walpurga geheelt ze ginn”, esou den Andy Genen. D’Buch wier um Text vum Jacques Diedenhoven baséiert. “De Bédéric ass ee vun deene Pilger, kënnt op Konter, feiert e bësse mat de Leit a kënnt op magesch Aart a Weis op de Festival vun haut. Et ass am Fong d’Entdeckungsrees iwwert de Festival vu Konter.”

De Festival bitt an éischter Linn en Austausch tëscht Auteur a Lieser. Ma och d’ Méiglechkeet, fir eng original Zeechnung ze kréien an hinne bei der Aarbecht nozekucken. Vill begeeschtert Lieser hu sech an d’Rei gestallt, fir Zeechnungen an Dedicacë vun ënnert anerem dem Achdé, Flix oder Thierry Capezzone ze kréien. Et wier immens flott ,fir mat de Kënschtler iwwer hir Projeten ze schwätzen an och onbekannten Auteure kennenzeléieren, meng e belsche Visiteur. “Fir eis Belsch sinn d’BDen immens wichteg. Et ass ee vu klengem u begeeschtert.”

D’Kanner konnten iwwerdeems op verschiddene Stänn Stempel fir hire Kids-Pass sammelen a sou eventuell Kaddoe gewannen. Donieft gouf schonns d’Affiche fir d’nächst Joer presentéiert. RDV ass dann den 20 an 21. Juli.

Back to Top
CIM LOGO