E Sonndeg an der RockhalD'Gewënner vun den Tickete fir de Sido-Concert sti fest

RTL Lëtzebuerg
Fräi nom Motto "aller guten Dinge sind 3" bréngt den Atelier den däitsche Rapper fir d'Drëtt op Lëtzebuerg a fir d'Drëtt ass de Concert och nees Sold Out.
© Max Bublack

2019 an 2021 war de Paul Hartmut “Siggi” Würdig zu Lëtzebuerg, den 29. Oktober - also schonn dëse Sonndeg - steet hien dann am Kader vun der “Paul Live Mit Dir Tour” zu Esch op der Bün. Mat am Gepäck, seng Single “Du liebst mich nicht”.

Lassgaangen ass d’Tournée iwwregens réischt de 24. Oktober an Däitschland, wou am Ganzen 14 Optrëtter geplangt sinn. Déi final Show ass den 10. an 11. November zu Berlin. Do an och op villen anere Plaze sinn déi meescht Tickete scho vergraff.

D’Gewënner vun den Tickete sti fest

D’Gewënner goufe wéinst dem falschen RTL-Gewënnspill op Facebook perséinlech vun der RTL-Redaktioun kontaktéiert.

© Max Bublack

Back to Top
CIM LOGO