Weider ArnaqueFalscht RTL-Gewënnspill op Facebook

RTL Lëtzebuerg
Déi allermeeschte Leit hei am Land ginn antëscht quasi all Dag mat falschen E-Mailen, falsche Gewënnspiller oder falsche Policebréiwer belästegt.
© Screenshot Facebook

En Donneschdeg schonn hate mer virun enger Mail gewarnt, déi zu Lëtzebuerg den Tour mécht. E Freideg krute mer vu User eragemellt, datt nees e falscht RTL-Gewënnspill am Ëmlaf ass.

Sollt Dir e Message an de soziale Medie vun RTL oder och anere Medienhaiser kréien, gëllt et op verschidde Saachen opzepassen: RTL Lëtzebuerg an RTL Infos hu béid de bloe verified Button, deen der am Screenshot hei drënner rout ëmkreest gesitt.

Passt och op, wéi d’Schrëft esouwuel vum Site wéi awer och vun de Messagen ass: Passt se mam Site, deen Dir kennt iwwerteneen, an ass se net voller Schreiffeeler. Sollt Dir de Link vum “Gewënnspill” kënne gesinn (Dëst ass méiglech, wann Dir mat der Maus op de Link gitt, ouni ze klicken. Da gëtt ënne lénks am Eck vun ärem Bildschierm de komplette Link ugewisen), passt op, datt dëst och déi richteg RTL Säite sinn (rtl.lu, today.rtl.lu, infos.rtl.lu oder play.rtl.lu).

Sollt Dir awer nach ëmmer en Doute hunn, klickt léiwer net op de Link, mä frot bei eis oder den anere betraffene Mediesäiten no, ob si esou e Gewënnspill aktuell am Ëmlaf hunn.

Back to Top
CIM LOGO