Am Norden an am Süde vum 2,5 Hektar groussen Terrain si Parke geplangt. Déi al Schluechthausgebaier sti gréisstendeels ënner Denkmalschutz a ginn erhalen.
D’Jury huet sech eestëmmeg fir dëse Projet ausgeschwat, seet de Luc Ramponi, deen als Chef-Architekt vun der Stad Lëtzebuerg am Jury souz. Duerch de gliesenen Daach géifen déi al Gebaier gutt protegéiert ginn, et misst ee se manner renovéieren an op Energieeffizienz oppassen. E weidere Virdeel ass, datt de Site dat ganz Joer iwwer ka genotzt ginn.
De Skatepark bleift, e Sall fir Concerten an aner Optrëtter, oder och eng Kloterwand solle bäikommen. Weider si Restauranten a Bistroen, kleng Commercen a Kënschtler-Ateliere geplangt. D’Schluechthaus soll eng Plaz ginn, wou d’Leit aus de Quartiere ronderëm sech treffen, seet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
E Sonndeg, de 24. September gëtt de Projet am Detail dem Public virgestallt. D’Presentatioun ass am Hollerecher Schluechthaus.