EschD'Hollywood Vampires suerge fir elektresch Stëmmung an der Rockhal

RTL Lëtzebuerg
Duerch déi héichkaräteg Besetzung nennt een si och déi deierst Coverband vun der Welt. D'Hollywood Vampires waren e Mëttwoch an der Rockhal.

Déi éischt “Hollywood Vampires” si schonn an de 70er Joren ënnerwee gewiescht. Grouss Museks-Nimm aus der deemoleger Zäit, wei hire Grënner Alice Cooper, oder och och de Keith Moon vun den “The Who”, de John Belushi oder souguer den John Lennon, ware fest Memberen.

Den Numm selwer soll vun enger Grill-Bar kommen, wou d’Museker sech versammelt hunn fir ënnerenaner Anekdoten aus hirem Rockerliewen ze erzielen. Dës Rainbow-Bar um Sunset-Strip zu Hollywood war bekannt duerch hir Vampiren-Deko.

Obwuel d’"Hollywood Vampires” bekannt ware fir hir exzessiv Partien, huet dëse bekannten Drénk-Club awer och zesumme Lidder opgeholl, ënnerenaner de Cover vum Hendrix-Klassiker: “Purple Haze”.

D’Hollywood Vampires, déi elo de Mëttwochowend an der ausverkaafter Rockhal op Besuch waren, sinn 2015 och erëm duerch den Alice Cooper zesumme komm. Mat dobäi den Hollywoodstar Johnny Depp an de Joe Perry, Gittarist bei Aerosmith. Den Trio huet zwee Alben opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO