
Bekannt gouf d’Band duerch Lidder wéi “Sultans of Swing” oder “Walk of Life”. D’Bandkolleegen hunn den Doud vum Jack Sonni offiziell confirméiert. Op Instagram schreiwe se: “Eisen Jack, dee mir gären hunn, huet e grousst Lach an eisen Häerzer an an eise Séilen hannerlooss. Mir wäerten dech vermëssen, du bass fir ëmmer bei eis.”
Bis ewell ass nach net kloer, u wat de Sänger a Gittarist gestuerwen ass. Allerdéngs huet et schonn ufanks der Woch geheescht, datt den Jack Sonni net capabel wier, fir op den nächste Concerte mat dobäi ze sinn.