Expo am NationalmuséeD'Liewen an d'Wierker vu Lëtzebuerger Moler vum 18. Joerhonnert

Sandy Elsen
Den Nationalmusée um Fëschmaart weist eng Ausstellung, déi sech mat engem manner bekannte Kapitel aus der Lëtzebuerger Konschtgeschicht beschäftegt.
D'Liewen an d'Wierker vu Lëtzebuerger Moler - Expo am Nationalmusée.
Den Nationalmusée um Fëschmaart weist den Ament eng Ausstellung, déi sech mat engem wéineg bekannte Kapitel aus der Lëtzebuerger Konschtgeschicht beschäftegt.

Beliicht ginn d‘Liewen an d‘Wierk vun de Lëtzebuerger Moler vum 18. Joerhonnert. Natures morte, Portraiten oder Landschaften – d‘Ausstellung “D’histoires et d’art” presentéiert ganzer 39 Wierker déi tëscht 1702 an 1805 am Herzogtum Lëtzebuerg kreéiert goufen. Sief et vu gebiertege Lëtzebuerger Moler, wéi dem Jean-Pierre Mathaei oder Kënschtler wéi dem Pierre-Joseph Redouté déi am 18. Joerhonnert just op der Duerchrees waren. D‘Expo baséiert op enger Fuerschungsaarbecht vum Konschthistoriker Henri Carême, deen Ugangs des Jores seng Dokteraarbecht zu dësem Thema op der Universitéit vu Louvain verdeedegt hat.

D’Zeenographie soll dem Visiteur d’Gefill vun enger Zäitrees vermëttelen. Anescht wéi üblech hänken all d‘Wierker un enger eenzeger Mauer a verwandelen sou den Ausstellungsraum an ee prachtvolle Salon aus dem 18. Joerhonnert.

Vun de Moler hire Relatiounen zu de Clienten bis hin zu de Präisser vun de Wierker, de Visiteur kritt een eenzegaartegen Abléck an d’Konschtzeen vum 18. Joerhonnert an an d’Liewensëmstänn vun den deemolege Kënschtler.

“D’histoires et d’art” ass nach bis den 28. Januar 2024 ze gesinn.

Fannt hei de ganzen Artikel

Back to Top
CIM LOGO