Parov Stelar am InterviewD'Musek ass de Message

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdegowend war de Parov Stelar an der Rockhal. Am Interview huet hien ënnert anerem gesot, dass et beim Musekmaachen ëm den Honger an d'Feier geet, dat an engem brennt.
Pavor Stelar
Am Interview

Op senger Theater Tour huet de Parov Stelar och Statioun zu Lëtzebuerg gemaach. Am Rockhal Club huet hie virun ausverkaaftem Public gespillt.
Am Interview huet de Museker iwwer seng laang Karriär geschwat. An den 20 Joer, an deenen hie Musek mécht, hätt sech net vill geännert. Et wier virun allem den Honger, weider Musek ze maachen, wat hien undreift.

Seng aktuell Source vun Inspiratioun ass virun allem Oldschool-French-Electronic. Selwer beschreift hie seng Musek als Elektro-Swing, ma awer net nëmmen.

Op d’Fro, fir wien hien da Musek géif maachen, äntwert de Kënschtler:

“Ich glaube, kein Künstler macht das nur für sich. Also, das ist irgendwie so ein übergeordnetes Gefühl, wo du gar nicht anders kannst. Und ich glaube, das Schönste ist, wenn die Schnittmenge, wenn sich der Zuhörer und der Creator irgendwo treffen. Und dann fragt man sich, für wen ist das jetzt eigentlich für uns? Und ich glaube, das ist ja das Spannende an Kunst und Musik überhaupt. Ich bin ja kein Banker, der sagt, ich mache jetzt das und das, weil ich ein Ziel habe und das erreichen will. Sondern ich kann nicht anders. Also, Musiker sein ist jetzt kein Job, das ist eine unheilbare Krankheit.”

Viru sengem Concert sot hien, dass d’Musek de Message wier. Fir Gefiller auszedrécken, notzt de Museker Téin, do bréicht et keng Wieder.

© RTL

Lady Gaga a Lana Del Rey hu mam Parov Stelar zesummegeschafft

Parov Stelar ass de Kënschtlernumm vum Marcus Füreder, deen de 27. November 1974 gebuer ass. Den Éisträicher ass Museker, Komponist, Produzent, DJ an Designer. Säin eenzegaartege Stil kombinéiert Jazz, House, Elektro, Hip Hop, a Pop. Hie gouf weltbekannt duerch Songs, déi hien am Elektro-Swing erausbruecht huet. Ënnert anerem huet hie mat Kënschtler wéi dem Lana Del Rey, Bryan Ferry a Lady Gaga geschafft. Säi wuelbekanntsten Track ass “All Night”.

Back to Top
CIM LOGO