"Sheesh", "Digga" oder "akkurat"D'Ofstëmmungen iwwer d'Jugendwuert vum Joer 2021 lafen

RTL Lëtzebuerg
Bis den 13. September leeft an Däitschland de Voting vum Jugendwuert 2021. Och e "Meme" huet et dëst Joer an d'Top10 gepackt.

Fréier hunn Erwuessener d’Jugendwuert vum Joer ausgewielt, zanter 2020 kënne Jugendlecher selwer entscheeden, wéi eng Wierder virgeschloen an zeréckbehale ginn. De 25. Oktober gëtt d’Jugendwuert vum Joer 2021 dann annoncéiert.

Zur Auswiel stinn dëst Joer:

“Cringe": bezeechent alles, fir dat ee sech schummt
“akkurat": dréckt Zoustëmmung aus
“Geringverdiener": eng ironesch Bezeechnung fir “Loser”
“Sheesh": Ausdrock vum Erstaunen oder Erschrecken
“Digga": Bezeechnung fir e Frënd oder Kolleeg
“same": dréckt Zoustëmmung aus
“papatastisch": eppes Schéines, Aussergewéinleches oder Fantastesches
“sus": verdächteg
“Mittwoch": “Et ass Mëttwoch, meng Männer” (Internet-Meme)
“wild": hefteg, krass oder intensiv

Klickt hei, fir op de Voting ze kommen.

Zejoert ass de Choix op d’Wuert “Lost” gefall; en Ausdrock fir Persounen, déi sech onsécher oder komplett anungslos verhalen. 2019 konnte sech “Ehrenmann / Ehrenfrau” duerchsetzen. Aner Gewënner aus de leschte Jore waren “I bims”, “fly sein”, “Smombie”, “Läuft bei dir”, Babo”, “FU!”, “Niveaulimbo”, “hartzen” a “Gammelfleischparty”.

Back to Top
CIM LOGO