
“Dahomey” ass de grousse Gewënner vun der Berlinale. Den Documentaire vun der a Frankräich gebuerener Regisseurin Matio Diop setzt sech mat de Konschtschätz, déi aus Afrika geklaut goufen, auserneen. An hirem Documentaire begleet d’Fra mat senegaleseschen Originnen 26 Statuen, déi vu Frankräich aus zeréck an de Benin kommen, wou se ursprénglech hierkommen.