Et gëtt eescht fir d'TaliDonneschdes nach Prouf an der Rockhal, freides am Fliger fir op Malmö

Sandy Schmit
En Donneschdeg war déi lescht Prouf zu Lëtzebuerg an der Rockhal, déi nächst Kéier steet d'Tali dann an der Malmö Arena op der Bün fir ze üben.
Lescht Prouwe fir d'Tali, dono Depart op Malmö
Mir hunn déi lescht Deeg vum Tali hei zu Lëtzebuerg begleet, ier et e Freideg vum Findel aus a Richtung Schweden gaangen ass.

A genee dohin ass d’Tali e Freideg geflunn.

Eise Fotograf Steve Müller war net just bei der leschter Prouf an der Escher Rockhal mat senger Kamera mat dobäi, hien huet d’Tali och um Findel begleet.

E Freideg goung d’Rees lass vu Lëtzebuerg a Richtung Schweden. De 7. Mee steet d’Tali jo an der éischter Halleffinall vum Eurovision Song Contest op der Bün a stellt sech senge Konkurrenten.

RTL ass live fir Iech mat dobäi a streamt béid Halleffinallen de 7. an 9. Mee souwéi d’Finall den 11. Mee an dat multilingual op all eise Plattformen.

© Eric Lehmann
Um Wee op Malmö: E Ständchen am Fliger
Déi Leit, déi mam Tali zesumme mam Fliger a Schweden souzen, kruten eppes Klenges gebueden.

Gewënnspill: Mat RTL op Malmö - Gewannt Är Plaze fir de Eurovision Song Contest

Back to Top
CIM LOGO