Am Alter vun 88 JoerDoud vum schwäizeresch-franséische Kënschtler Ben Vautier

RTL Lëtzebuerg
De Kënschtler, deen dacks nëmme Ben genannt gouf, war virun allem fir seng Schrëftzich bekannt, déi ënner anerem op Schoulhefter an Agendae fënnt.
© VALERY HACHE AFP

Den Artist gouf e Mëttwoch dout a sengem Haus zu Nice fonnt. Dat melle franséisch Medien, dorënner ënner anerem BFMTV an Nice Matin. Iwwer d’Doudesursaach ass den Ament nach näischt gewosst.

De Buergermeeschter vun Nice Christian Estrosi huet sech géigeniwwer Nice Matin an enger éischter Reaktioun “schockéiert an ontréischtlech” gewisen. De Ben géif e grousst Wierk hannerloossen, dat an d’Welt eraus-strale géif.

Back to Top
CIM LOGO