
D’Sinéad O’Connor war de 26. Juli 2023 dout an hirer Wunneng zu London fonnt ginn, dat nëmmen 18 Méint, nodeems hire Bouf am Alter vu 17 Joer duerch Suicide gestuerwen ass. D’Sinéad O’Connor ass 56 Joer al ginn.
Am Ganzen 10 Studioalben huet si wärend hirer vu Skandaler begleeter Karriär tëschent 1987 an 2014 erausbruecht. 2018 ass d’Irin zum Islam konvertéiert an huet den Numm Shuhada’ Sadaqat ugeholl. Opgetrueden ass si awer weiderhin ënnert dem Numm Sinéad O’Connor.