
“Mir si ganz traureg, den Dout vun eisem léiwe Sinead musse bekannt ze ginn”, zitéiert déi iresch Tëleeschaîne eng Matdeelung vun der Sängerin hirer Famill. Wéi et an dëser soll heeschen, wieren dem Sinead O’Connor seng Famill a Frënn “um Buedem zerstéiert” a géifen “an dëser schwéierer Zäit em de Respekt vun hirer Privatsphär bieden”.
Am Laf vun hirer Karriär hat d’Musekerin insgesamt 10 Studio-Albumen erausbruecht. Hire gréisste Succès hat si am Joer 1990 mam Lidd “Nothing Compares to You”.
No hirem Welterfolleg war d’Sängerin éischter duerch Skandaler opgefall. Ënner anerem hat si 1992 bei engem Optrëtt am amerikanesche Fernsee e Bild vum deemolege Poopst Jean-Paul II zerrappt. Eegenen Aussoen no, wollt si mat der Aktioun géint de Kannermëssbrauch an der kathoulescher Kierch protestéieren.
1999 huet d’Musekerin sech vun enger kathoulescher Sekt zur Priisterin ernenne gelooss. 2017 huet si hunn den Numm Magda Davitt ugeholl, e Joer méi spéit ass si zum Islam iwwergetrueden.
D’Sinead O’Connor hannerléisst 3 Kanner. Ee vun hire Bouwen war zejoert am Alter vu 17 Joer duerch e Suicide gestuerwen.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention.suicide.lu.