D’Congés annulés si mëttlerweil e feste Bestanddeel vun der Stater Summer-Agenda. Wa vill kulturell Institutiounen hir Dieren zoumaachen oder hir Programmatioun kierzen, maachen d'Rotondë genee de Géigendeel.
Wärend 28 Deeg bidde si all Dag e gutt gefëllte Programm un, mat Concerten, DJ-Sets a villem méi. An e Freideg den Owend war déi grouss Ouverture.
Wann een am Summer net an d'Vakanz fiert, ma awer och net nëmme well doheem setzen, da sinn d'Rotonden déi ideal Platz, fir eleng, mat der Famill oder ënnert Kolleegen e gemittlechen Owend ze verbréngen. Et ass dëst Joer déi 18. Editioun vun de Congées annulées, déi vu Joer zu Joer méi populär ginn an ëmmer méi Leit am Summer an de Garer Quartier zéien.
43 alternativ Bands trieden an 28 Deeg op de Congés annulés op – d'Hallschent dovu si Lëtzebuerger Gruppen, de Recht international Bands aus der Groussregioun, ma awer och aus Groussbritannien, den USA, Australien oder och Neuseeland. Ënnert den Highlights, erzielt de Programmateur Marc Hauser, wieren Deafheaven, Deadletter, oder och Westside Cowboy.
Et géif ee versichen, all Joers Bands ze invitéieren, déi nach net op de Congés annulés gespillt hunn. Als éischte Concert gouf et e Freideg den Owend de Lëtzebuerger Duo Sheebaba ze héieren.
Nieft de grousse Concerte gouf de 25. Juli och e Family Day organiséiert an de 9. August ass déi beléifte Foire aux disques nees um Festival vertrueden.
Et probéiert een, all Joer eppes Neies op d'Congés annulés ze bréngen, esou de Marc Hauser. 2025 waren dat d'Pizzaen, déi et och dës Kéier nees z'iesse gëtt, 2026 ass dat d'Keess Radio, all Dag vun 8 bis 23:30 Auer.
"Mir hunn en neie Projet, deen d'Keess Radio heescht. D'Programmatioun gëtt vu LusterClub organiséiert. Dat ass e klenge Kollektiv. Et ass fir d'éischt, dass mir Streaming ubidden", sou de Marc Hauser.
D'Congés annulés lafe vun e Freideg u bis den 20. August all Dag an de Rotonden. Um 18 Auer geet et ëmmer lass mat engem DJ-Set, duerno dann e Concert.
A wie well, kann och just fir eppes z'iessen oder ze drénke laanscht goen.
