Summer Festival Congés Annulés an de Rotondes

Sandy Elsen
Vum 24. Juli bis den 20. August wäerten zu Bouneweg nees national Bands an international Artiste fir Festival-Stëmmung suergen
© Rotondes

Wärend déi eng dem Congé collectif entgéint féiweren, profitéieren déi aner scho vun de "Congés Annulés".

Schonn zanter bal zwee Joerzéngte bidden d'Rotonden all deenen, déi am August heiheem bleiwen, ee prall gefëllte Kultur-Programm. Am Fokus steet all Joers eng héichkaräteg musikalesch Mëschung aus deene verschiddenste Genren. Op deem laange Line-Up vun dësem Joer stinn, ënnert aneren, Deafheaven, The Bats, Faraquet, Deadletter, Westside Cowboy an No Metal In This Battle.

De 24. Juli ass d'Opening Night mat GANS, Chris Imler, Sheebaba an dem DJ-Set So Raw.

Am Kader vun de "Congés Annulés“ kann een awer net just vu ville verschiddene Concerten profitéieren, ma et stinn och aner flott Evenementer um Programm. Sou z.B. de Family Day mat engem Concert, DJ-Setten a gratis Kreativatelieren fir d'ganz Famill.

De 27. Juli presentéiert Radio 100,7 ee Museksquiz, bei deem ee säi musikalescht Wëssen op d'Prouf stelle kann an de 9. August huet een um private Floumaart "Vide-Disques & Merch-O-Rama" d'Geleeënheet no flotter Merchandise a neie Schätz fir an déi eege Vinyl-Kollektioun ze stöberen.

Och wien einfach just gemittlech dobausse sëtzen, de Summerfeeling genéissen an eppes iessen oder drénke wëll, ass um Parvis vun de Rotondë méi wéi wëllkomm.

Dee ganzen Agenda mat sämtleche Bands, déi optriede wäerten, fannt Dir um Site vun de Rotonden. Hei kënnt Dir dann och direkt Är Tickete kafen an Iech fir déi eenzel Evenementer umellen.

Bis den 20. August kann ee vun där grousser Summerprogrammatioun an de Rotondë profitéieren.

Back to Top
CIM LOGO