
Tëscht 2019 an 2020 goung d’Frequentatioun ëm 2/3 erof. Besonnesch op de Bünen am Land waren d’Covid-Mesuren ze spieren, hei war e Réckgang vun 3/4 ze notéieren.
Bei de Kinoen, Muséeën a Schlässer gouf et eng änlech Evolutioun. 2022 waren nach néierens rëm um Niveau vu virun der Pandemie. Gekuckt goufe just d’Institutiounen mat hire ronn 1.300 Mataarbechter.