Am MudamDräi nei Ausstellunge si viru kuerzem am Sous-sol opgaangen

Patricia Baum
Dräi ganz ënnerschiddlech Projeten, déi verschidde Medien an Theme couvréieren. Vum Konflikt tëschent Israel an dem Libanon, zäitgenëssesche Portraite bis hin zu der Stommfilm-Ära.
Am Mudam - Dräi nei Ausstellunge si viru kuerzem am Sous-sol opgaangen
Dräi ganz ënnerschiddlech Projeten, di verschidde Medien an Theme couvréieren.

D’Mona Lisa vun haut – d’Sin Wai Kin, huet eng Fantasiewelt erschaf, wou Portraiten aus der Konschtgeschicht an der Literatur nei interpretéiert ginn. D’Wierker ginn op engem Rideau an Zeen gesat, ma hänken awer wéi an engem klassesche Musée. Et ass op den zweete Bléck, wou een erkennt, datt et sech hei weder ëm Molereien oder Fotoen handelt, mee em Videoen.

Inspiréiert vun der Stommfilm-Ära, wou d’Filmer mat Livemusek begleet gi sinn, weisen de Billy Bultheel an de James Richards eng immersiv audiovisuell Installatioun. E Piano, dee wéi vu Geeschterhand spillt, eng verloossen Tribün a grouss Videoprojektiounen treffen hei openeen. Et ass e Spill tëschent der Presenz an der net-Presenz. De Mënsch ass hei wéi e Geescht.

De Lawrence Abu Hamdan bezeechent sech selwer als Geräisch-Detektiv. A senger Aarbecht “Air Conditioning” visualiséiert hien de Konflikt tëschent Israel an dem Libanon. Vun 2007 bis 2021 huet hien Donnéeë gesammelt vun den israeelesche Loftwaffen am libanesesche Loftraum an huet esou d’Pollutioun duerch de Kaméidi dokumentéiert. Wat een hei am Mudam gesäit, ass eng Visualiséierung vum Kaméidi am libanesesche Loftraum, déi mat Hëllef vun engem Logiciel entstanen ass.

Bis de 9. Juni sinn déi 3 Ausstellungen am Sous-Sol vum Mudam ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO