Zwielef Regisseurinnen a Regisseure krute bei de "Quickies" d'Méiglechkeet, en eegene Kuerzfilm vu ronn 10 Minutten ze produzéiere mam Fokus op lokalen Themen aus eiser Gesellschaft. Ausgeschafft gouf dëst Konzept wärend der Pandemie vum Govinda Van Maele an dem Adolf El Assal. D'Iddi ass et, Filmer ze produzéiere wéi fréier, wou een ënner Kolleegen aus der Filmzeen experimentéiert huet an dat mat ganz wéineg Budget.
D'Regisseurinnen a Regisseuren hunn deemno e Mikro-Budget vu 5.000 zur Verfügung gehat. Et soll eng Plattform sinn, fir sech auszetesten an de méi onkonventionellen Iddie fräie Raum ze ginn. D'Filmreakter "Quickies" sinn op fir professionell Film-Maacher esou wéi fir Newcomer. D'Kuerzfilmer sinn all am Summer 2025 hei zu Lëtzebuerg gedréit ginn a bidden eenzegaarteg Perspektiven op eis kulturell divers Gesellschaft.

Eng Fuerderung vun de Filmreakter "Quickies" un d’Film-Maacherinnen a -Maacher ass: "Weist eis, wat d'Lëtzebuerger Kino-Kultur ka sinn. Erzielt eis déi Geschichten, wou mir net wossten, datt mir se brauchen."
Déi drëtt Staffel vun de Filmreakter "Quickies" soll deemno e Spigel dovu sinn, wéi eis Gesellschaft den Ament ass an dat an de verschiddensten Themen.
D"Filmreakter Quickies lafe vum 3. Oktober un am Kader vum Passepartout.